Butan
| Butan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Butan |
| Trivialen Numm | n-Butan |
| Cheemesch Formel | C4H10 |
| Ausgesinn / Geroch | duerchsiichtege Gas |
| Eegenschaften | |
| Dicht | 2,71 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa |
| Léislechkeet | 0,061 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
| Molmass | 58,1 g/mol |
| Schmëlzpunkt | −138,3 °C |
| Kachpunkt | −0,5 °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0 |
–125.6 KJ·mol−1 |
| Standardentropie S0 |
310.23 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie ΔcH0 |
–2877.5 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Änlech Moleküllen | Pentan Isobutan |
| Cheemesch Famill | Alkanen |
n-Butan ass e kettefërmege Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. D'Famill vun de Butanen besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]n-Butan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.
n-Butan léist sech schlecht am Waasser op. Dogéint ass en am Alkohol, Ether an am Chloroform gutt léislech.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]n-Butan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn. Mat Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.
Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert de Butan Substitutiounsproduiten.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Butanen oder n-Butan kënnt am Äerdgas an am Äerdueleg vir. Donieft entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]
n-Butan ass den Haaptbestanddeel vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Isobutan gemëscht als Brennes benotzt. D'Campingsfläschen enthale 70-80 % Butan an 20-30 % Propan. Si gi nach mat Buten, Propen a Mercaptanen als Gerochsstoffer vermëscht. Gasfläsche mat Butan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündleche Materialien ewegbleiwen.
De kettefërmege Butan gëtt an der Chimie geholl fir Butadien a Buten hierzestellen. Ausserdeem gëtt en an der Alkylatioun benotzt fir d'Oktanzuel vum Sprit z'erhéijen. Doriwwer eraus ass Butan och Killmëttel fir Frigoen. Am Géigesaz zu den FCKW ass e net ozonschiedlech. An en ass en Dreiwmëttel fir Spraydousen.
Auswierkungen op d'Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]A groussen Dose wierkt Butan narkotesch. Duerch Anotme vum Butan kann een erstécken oder un engem plëtzlechen Doud stierwen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Butan – Biller, Videoen oder Audiodateien |