Ukrainesch
| Ukrainesch українська мова | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Ukrain, Wäissrussland, Russland, Moldawien, Polen, Slowakei, Rumänien, Kasachstan, a vun Emigranten an den USA, Kanada, Brasilien an anere westeuropäesche Länner |
| Regioun: | Osteuropa |
| Gëtt geschwat vun: | 37 Millioune Mammesproochler, a 15 Milliounen Zweetsproochler |
| Klassement: | 26 |
| Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun: | Ukrain, Transnistrien (Moldawien) |
| Reglementéiert vun: | Ukrainesch Akademie vun de Wëssenschaften (Академія наук України) |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | uk |
| ISO 639-2 | ukr |
| ISO 639-3 | ukr |
Ukrainesch (uk: українська мова) ass eng vun de meeschtgeschwate slawesche Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Ukrainesch sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.
Ukrainesch ass offiziell Landessprooch an der Ukrain an am net-unerkannten, mä de facto onofhängege Staat vun Transnistrien, souwéi eng regional unerkannt Sprooch a Rumänien, Serbien, der Slowakei, Polen, Kroatien a Bosnien an Herzegowina.
D'Schrëft baséiert sech op dat kyrillescht Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllegen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsreegele vum Duden gehalen.
Ukrainescht Alphabet
[änneren | Quelltext änneren]Ukrainesch Alphabet
|
Ukrainesch gëtt mam ukraineschen Alphabet geschriwwen (ukr.: українська абетка oder український алфавіт), wat dem kyrilleschen Alphabet (ukr.: кирилична абетка oder кирилиця) entstaamt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Wikipedia op Ukrainesch |
| Commons: Ukrainesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |