Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun
D'Europäesch Unioun huet, zanter 2013, véieranzwanzeg offiziell Sproochen (fr.: langues officielles de l'Union européenne, de: Amtssprachen der Europäischen Union).
Dës, souwéi och hire Gebrauch vun den EU-Organer, sinn duerch dat alleréischt Europäescht Reglement, d'Nr.1/1958 festgeluecht.
„Die Amtssprachen und die Arbeitssprachen der Organe der Gemeinschaft sind Deutsch, Französisch, Italienisch und Niederländisch.“
Duerch verschidde Bäitrëtter huet sech d'Zuel vun am Ufank véier op déi haiteg 24 vergréissert.
"Offiziell Sprooch" bedeit praktesch z. B., datt d'Europäesch Traitéen an d'Gesetzer an deene Sprooche publizéiert ginn, datt europäesch Deputéiert a Ministeren dës Sprooch am Europaparlament an op Ministeschconseile schwätze kënnen (an an hir Sprooch gedolmetscht kréien), an datt d'Bierger sech an enger vun deene Sproochen un d'EU-Institutiounen adresséiere kënnen an och eng Äntwert dodra kréien.
| Datum | Sprooch | Code | offiziell Sprooch an dësen EU-Memberstaaten | |
|---|---|---|---|---|
| eegenen Numm | op Lëtzebuergesch | |||
| 2007 | български (bălgarski) | Bulgaresch | bg | |
| 2004 | čeština | Tschechesch | cs | |
| 1973 | dansk | Dänesch | da | |
| 1958 | Deutsch | Däitsch | de | |
| 2004 | eesti | Estesch | et | |
| 1981 | ελληνικά (elliniká) | Griichesch | el | |
| 1973 | English | Englesch | en | |
| 1986 | español (castellano) | Spuenesch (Kastillianesch) | es | |
| 1958 | français | Franséisch | fr | |
| 2007 | Gaeilge | Iresch | ga | |
| 2013 | hrvatski | Kroatesch | hr | |
| 1958 | italiano | Italieenesch | it | |
| 2004 | latviešu | Lettesch | lv | |
| 2004 | lietuvių | Litauesch | lt | |
| 2004 | magyar | Ungaresch | hu | |
| 2004 | malti | Malteesesch | mt | |
| 1958 | Nederlands | Hollännesch | nl | |
| 2004 | polski | Polnesch | pl | |
| 1986 | português | Portugisesch | pt | |
| 2007 | română | Rumänesch | ro | |
| 2004 | slovenčina | Slowakesch | sk | |
| 2004 | slovenščina | Sloweenesch | sl | |
| 1995 | suomi | Finnesch | fi | |
| 1995 | svenska | Schweedesch | sv | |
Dës 24 offiziell Sprooche vun der EU sinn net ze verwiessele mat den Amtssprooche vun den eenzelen EU-Länner. Sou ass Tierkesch z. B. eng offiziell Sprooch op Zypern, mä net an der EU; Lëtzebuergesch ass eng vun den Nationalsproochen am Grand-Duché, ass awer och keng offiziell Sprooch vun der EU.
A verschiddene Memberlänner hu Regional- oder Minoritéitesproochen zousätzlech e bestëmmte Status a kënne jee nodeem begrenzt gebraucht ginn. Och dës si keng Offiziell Sprooche vun der EU. Eng Ausnam sinn déi spuenesch Regionalsproochen (Katalounesch, Baskesch, Galizesch), déi Bierger an hirer Korrespondenz mat der EU kënne gebrauchen (woubäi dës duerch en Accord mam spuenesch Staat iwwersat gëtt, fir verstanen ze ginn).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) EWG Rat: Verordnung Nr. 1 zur Regelung der Sprachenfrage für die Europäische Wirtschaftsgemeinschaft
- (de) „Sprachen“ op der Internetsäit vun der Europäescher Unioun
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |