Explorer 2
Ausgesinn
| Explorer 2 | |
|---|---|
![]() | |
| Typ | Fuerschungssatellit |
| Land | |
| Agentur | NASA |
| Mass | 14,52 kg |
| Start | 5. Mäerz 1958, 18:28 UTC |
| Startplaz | Cape Canaveral LC-26A |
| Drorakéit | Jupiter-C/Juno I RS/CC-26 |
| Status | Versoe vun der Drorakéit |
Den Explorer 2 war den zweete Satellit vum Explorer-Programm, dat den éischten a gläichzäiteg ëmfangräichste Programm vu Satellitten a Raumsonde vun den USA war. De Fluch sollt eng Widderhuelung vun der gelongener Missioun Explorer 1 ginn. Awer déi 4. Stuf vun der Juno I Drorakéit hat net gezünnt, sou datt de Satellit a keng Ëmlafbunn koum.
Den Explorer 2 war ënner anerem fir d'Miesse vun der kosmescher Stralung mat engem Geigerzieler ausgerëscht, sowéi engem Apparat fir d'Detektéiere vu Mikrometeoritten.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) NSSDC: Explorer 2
