Beruff
E Beruff ass eng spezialiséiert reegelméisseg Aktivitéit vun enger Persoun, déi an der Reegel eng speziell Ausbildung oder Qualifikatioun erfuerdert. Beruffer sinn dacks mat bestëmmten Aufgaben, Verantwortungen a Fäegkeete verbonnen an droen zur wirtschaftlecher a sozialer Struktur vun enger Gesellschaft bäi.
De Choix vum Beruff ass e wichtege Schrëtt am Liewe vun engem Mënsch a gëtt dacks duerch Interessen, Fäegkeeten, Bildungsoffer an den Aarbechtsmaart beaflosst. Beruffer gëtt et a verschiddene Beräicher, dorënner am Handwierk, an der Technik, der Gesondheet, der Bildung, der Konscht an a Verwaltungen.
Fir an engem Beruff kënnen ze schaffen, muss ee meeschtens eng formal Bildung, eng Beruffsausbildung oder e Studium ofgeschloss hunn. E puer Beruffer si reglementéiert an et brauch ee spezifesch Qualifikatiounen oder Zouloossungen, fir an deem Beruff däerfen ze schaffen, zum Beispill Dokteren, Affekoten a Léierpersonal. Bei Handwierker déi selbstänneg schaffen ass et e Meeschterbréif.
Déi sozial a wirtschaftleche Bedeitung vun de Beruffer maache si zu engem zentralen Element am Liewe vun de meeschte Mënschen.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- Fënsterbotzer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Beruff – Biller, Videoen oder Audiodateien |