2025
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2021 |
2022 |
2023 |
2024 |
2025
| 2026
| 2027
| 2028
| 2029
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2025.
D'Joer 2025 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et ass kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 6. Januar: Indonesien gëtt Member vum BRICS.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Bulgarien a Rumänien trieden dem Schengen-Raum op de Landgrenze bäi.
- 12. Januar: Den Zoran Milanović gëtt am zweeten Tour vun de Presidentewalen a Kroatien zum President vu sengem Land erëmgewielt.
- 23. Januar: De Micheál Martin gëtt an Irland fir d'zweet Kéier zum Taoiseach ernannt.
- 26. Januar: Dem wäissrusseschen Autokrat Aljaksandr Lukaschenka seng Amtszäit vu bis ewell iwwer 30 Joer gëtt ëm weider 5 Joer verlängert.
- 3. Februar: De Bart De Wever (N-VA) gëtt als neie Premierminister an der Belsch vereedegt, un der Spëtzt vun enger Koalitiounsregierung aus N-VA, MR, Les Engagés, CD&V a Vooruit.
- 23. Februar: Bei de Wale fir den däitsche Bundestag kritt d'CDU/CSU 28,5%, d'AfD 20,8, d'SPD 16,4, die Grünen 11,6, die Linke 8,8%; all aner ënner 5%.
- 3. Mäerz: De Christian Stocker (ÖVP) gëtt als neie Bundeskanzler an Éisträich vereedegt, un der Spëtzt vun enger Koalitioun aus ÖVP, SPÖ an NEOS.
- 20. Mäerz: D'Brigitte Haas (VU) gëtt als nei Regierungscheffin a Liechtenstein vereedegt.
- 6. Mee: De Friedrich Merz gëtt am zweeten Tour als neien däitsche Bundeskanzler gewielt.
- 8. Mee: Am véierten Tour vum Konklav gëtt de Robert Francis Prevost als Poopst gewielt an hëlt de Poopstnumm Leo XIV. un.
- 18. Mee: Den Nicușor Dan gewënnt d'Presidentewalen a Rumänien.
- 1. Juni: De Karol Nawrocki (onofhängeg) gewënnt d'Presidentewalen a Polen. Hie gëtt de 6. August vereedegt.
- 9. September: Nom Récktrëtt vum François Bayrou, deen Dag virdrun, gëtt de Sébastien Lecornu zum neie Premierminister a Frankräich ernannt.
- 25. September: D'Inga Ruginienė gëtt nei Premierministesch a Litauen.
- 25. Oktober: D'Catherine Connolly gewënnt d'Presidentewalen an Irland; si gëtt den 11. November vereedegt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 6. Februar: Déi am Land bis ewell gréisst Quantitéit un illegalen Droge gëtt saiséiert: 889 Kilo Kokain, mat engem theoreetesche Maartwäert vun 80 bis 160 Milliounen Euro.
- 2. Mäerz: Dat lescht Deelstéck vun der Luxtram-Linn T1 vun der Luxexpo bis bei de Fluchhafe Findel gëtt a Betrib geholl.
- 3. Oktober: Den Henri vu Lëtzebuerg dankt als Groussherzog of; säi Fils Guillaume gëtt Trounfollger.
-
Tram um Findel
-
Trounwiessel
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 21. Mäerz: D'Netumbo Nandi-Ndaitwah gëtt als nei Staatspresidentin vun Namibia vereedegt.
- 13. Abrëll: De Brice Oligui Nguema gëtt zum President vum Gabun gewielt.
- 28. September: De Peter Mutharika gëtt op en Neies als President vu Malawi vereedegt.
- 14. Oktober: Nodeems den Andry Rajoelina duerch d'Protester geflücht ass, erkläert d'Militär vum Madagaskar d'Muechtiwwernam an d'Opléise vum Senat an dem Ieweschte Geriichtshaff.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: Den Donald Trump gëtt fir d'zweet Kéier als President vun de Vereenegte Staate vereedegt.
- 14. Mäerz: De Mark Carney gëtt neie Premierminister a Kanada.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Januar: Den Nicolás Maduro gëtt fir eng drëtt Kéier als President vu Venezuela vereedegt.
- 13. Abrëll: Bei de Presidentewalen am Ecuador gëtt den Daniel Noboa am 2. Tour erëmgewielt.
- 16. Juli: D'Jennifer Geerlings-Simons gëtt als nei Presidentin vu Surinam vereedegt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Juni: De Lee Jae-myung gëtt zum neie President vu Südkorea gewielt.
- 1. Juli: D'thailännesch Ministerpresidentin Paetongtarn Shinawatra gouf am Zesummenhaang mam Grenzkonflikt tëscht Kambodja an Thailand entlooss.
- 28. Juli: Kambodscha an Thailand eenege sech no deeglaange Kämpf op eng Wafferou.
- 21. Oktober: D'Sanae Takaichi gëtt zur Premierministesch vu Japan gewielt.
- 26. Oktober: Den Timor-Leste trëtt der ASEAN bäi.
- 26. Oktober: Kambodscha an Thailand ënnerschreiwen e Friddensofkommes.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 9. Januar: De Generol Joseph Khalil Aoun gëtt vum libaneesesche Parlament zum President vum Libanon gewielt.
- 27. Februar: No méi wéi 40 Joer Kampf géint den tierkesche Staat, rifft de Parteigrënner Abdullah Öcalan seng Unhänger op, d'Waffen néierzeleeën a kënnegt d'Opléisung vun der Aarbechterpartei vu Kurdistan (PKK) un. Se gouf den 12. Mee 2025 opgeléist.
- 13. Juni: Am Kader vun der Operation Rising Lion gräift Israel Ziler am Iran an.
- 22. Juni: D'USA gräifen an de Konflikt mat Loftugrëffer op Bunker vum iraneschen Atomprogramm mat an.
- 25. Juni: Tëscht Israel an dem Iran trëtt e Waffestëllstand a Kraaft.
- 13. Juli: D'Kämpf am As-Suwayda am Süde vu Syrien tëscht den Drusen, Beduinen an der syrischer Arméi eskaléieren.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir der Anne-Marie Reuter hiren M for Amnesia.
- Den 1. Präis vum nationale Literaturconcours geet un de Jhemp Hoscheit fir Den Impakt vu Klappentexter.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 18. Mee: Den JJ gewënnt mat Wasted Love de Eurovision Song Contest zu Basel.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Emilia Pérez vum Jacques Audiard gewënnt den César fir de beschte Film.
- Anora vum Sean Baker gewënnt den Oscar fir de beschte Film.
- Un simple accident vum Jafar Panahi gewënnt d'Gëlle Palm.
- 22.11.: Lëtzebuerger Filmpräis 2025
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]
- Weltausstellung zu Osaka, a Japan.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Januar: U Bord vun zwou SpaceX-Rakéite ginn de Rover Tenacious an den Nano-Satellit POQUITO an den All geschéckt; deen ee Richtung Mound, deen aneren op Orbit. Béid goufen zu Lëtzebuerg entworf a gebaut. Tenacious gouf de 6. Juni 2025, bei der missgléckter Landung um Mound, zerstéiert.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Januar: Paul Cloos, lëtzebuergeschen Agrocheemiker.
- 5. Januar: Robert Hübner, däitsche Schachspiller.
- 5. Januar: Konstantinos Simitis, griichesche Politiker.
- 7. Januar: Jean-Marie Le Pen, franséische Politiker.
- 8. Januar: Camille Montaigu, franséische Journalist.
- 13. Januar: Michel Medinger, lëtzebuergesche Liichtathleet a Fotograf.
- 13. Januar: Oliviero Toscani, italieenesche Fotograf.
- 14. Januar: Marie-Thérèse Tholl, lëtzebuergesch Botanikerin a Mykologin.
- 16. Januar: David Lynch, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 16. Januar: Joan Plowright, englesch Schauspillerin.
- 19. Januar: Horst Janson, däitsche Schauspiller.
- 20. Januar: Bertrand Blier, franséische Filmregisseur.
- 26. Januar: Fred Harles, lëtzebuergesche Museker.
- 30. Januar: Marianne Faithfull, brittesch Sängerin a Schauspillerin.
- 1. Februar: Horst Köhler, däitsche Bundespresident.
- 8. Februar: Sam Nujoma, namibesche Fräiheetskämpfer a Politiker.
- 10. Februar: Joseph Eyschen, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 14. Februar: Geneviève Page, franséisch Schauspillerin.
- 15. Februar: André Biver, lëtzebuergesche Politiker.
- 16. Februar: Julian Holloway, brittesche Synchronspriecher a Schauspiller.
- 17. Februar: Frits Bolkestein, hollännesche Politiker.
- 18. Februar: Gene Hackman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. Februar: John Schummer, lëtzebuergesche Politiker an Handballspiller.
- 23. Februar: Nelly Moia, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 26. Februar: Michelle Trachtenberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 27. Februar: Pierre Joris, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Kritiker.
- 3. Mäerz: Eleonora Giorgi, italieenesch Schauspillerin.
- 13. Mäerz: Maria Grazia Spina, italieenesch Schauspillerin.
- 14. Mäerz: Léon Mond, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Mäerz: Émilie Dequenne, belsch Schauspillerin.
- 17. Mäerz: Alphonse Cruchten, lëtzebuergeschen Auteur.
- 21. Mäerz: George Foreman, US-amerikanesche Boxer.
- 23. Mäerz: Marcel Glesener, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 29. Mäerz: Richard Chamberlain, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Mäerz: Yves Boisset, franséische Filmregisseur, Filmkritiker an Dréibuchauteur.
- 1. Abrëll: Val Kilmer, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Abrëll: Friðrik Ólafsson, islännesche Schachgroussmeeschter.
- 6. Abrëll: Jeremiah P. Ostriker, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 10. Abrëll: Ted Kotcheff, kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 13. Abrëll: Mario Vargas Llosa, peruanesche Schrëftsteller.
- 21. Abrëll: Jorge Mario Bergoglio, als Franciscus, Poopst vun 2013 bis 2025.
- 21. Abrëll: Johanna Matz, éisträichesch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Waltraut Haas, éisträichesch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Raymond Schaack, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 3. Mee: Helmut Thoma, éisträichesche Mediemanager.
- 3. Mee: Paul Van Hoeydonck, belsche Kënschtler.
- 13. Mee: José Mujica, uruguayesche Politiker.
- 13. Mee: Manou Scheitler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Mee: Trần Đức Lương, vietnameesesche Politiker.
- 20 Mee: George Wendt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Mee: Romain Leick, lëtzebuergesche Journalist.
- 23. Mee: Sebastião Salgado, brasilianesche Fotograf.
- 24. Mee: Marcel Ophüls, franséische Filmregisseur.
- 29. Mee: Ludo Dierckxsens, belsche Vëlossportler.
- 30. Mee: Jürgen Overdick, däitsche Journalist.
- 2. Juni: Pierre Nora, franséischen Historiker.
- 4. Juni: Philippe Labro, franséische Journalist an Auteur.
- 5. Juni: Tommy Kontz, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 9. Juni: Frederick Forsyth, brittesche Schrëftsteller.
- 11. Juni: Brian Wilson, US-amerikanesche Museker.
- 16. Juni: Loll Weber, lëtzebuergesche Museksjournalist a -Kritiker.
- 17. Juni: Alfred Brendel, éisträichesche Pianist.
- 17. Juni: Léon Krier, lëtzebuergeschen Architekt an Urbanist.
- 23. Juni: Lea Massari, italieenesch Schauspillerin.
- 29. Juni: Lalo Schifrin, argentinesche Pianist, Komponist, an Dirigent.
- 3. Juli: Diogo Jota, portugisesche Foussballspiller.
- 3. Juli: André Silva, portugisesche Foussballspiller.
- 9. Juli: Petz Lahure, lëtzebuergesche Sportjournalist.
- 13. Juli: Pascal Alff, lëtzebuergesche Museker.
- 13. Juli: Muhammadu Buhari, nigerianesche Militär a Politiker.
- 13. Juli: Pierre Simonis, Lëtzebuerger Geschäftsmann.
- 14. Juli: Thierry Ardisson, franséischen Televisiounsanimateur.
- 16. Juli: Connie Francis, US-amerikanesch Sängerin.
- 18. Juli: Roger Norrington, engleschen Dirigent.
- 18. Juli: André Vingt-Trois, franséische Geeschtlechen.
- 22. Juli: Ozzy Osbourne, brittesche Rockmusieker.
- 24. Juli: Hulk Hogan, US-amerikanesche Wrestler a Schauspiller.
- 28. Juli: Laura Dahlmeier, däitsch Biathletin.
- 29. Juli: Lutz Niethammer, fäitschen Historiker.
- 31. Juli: Adriana Asti, italieenesch Schauspillerin.
- 5. August: Ion Iliescu, rumänesche Politiker.
- 7. August: Jim Lovell, US-amerikaneschen Astronaut.
- 12. August: Chris Belardi, lëtzebuergesche Museker.
- 15. August: Rainer Holbe, däitsche Fernseemoderator an Auteur.
- 17. August: Terence Stamp, englesche Schauspiller.
- 29. August: Arthur Brauss, däitsche Schauspiller.
- 1. September: Graham Greene, kanadesche Schauspiller.
- 4. September: Giorgio Armani, italieenesche Moudendesigner.
- 16. September: Robert Redford, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
- 23. September: Claudia Cardinale, italieenesch Schauspillerin.
- 1. Oktober: Jane Goodall, brittesch Zoologin, Primatologin an Anthropologin.
- 5. Oktober: Lotte Ledl, éisträichesch Schauspillerin.
- 10. Oktober: John Lodge, englesche Museker.
- 10. Oktober: Hilda Rau-Scholtus, lëtzebuergesch Politikerin.
- 11. Oktober: Diane Keaton, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Oktober: Mathias Schiltz, lëtzebuergeschen Theolog.
- 15. Oktober: Samantha Eggar, englesch Schauspillerin.
- 18. Oktober: Martine Brochard, franséisch-italieenesch Schauspillerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 2025 – Biller, Videoen oder Audiodateien |