Agnès Donckel
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Agnès Donckel | |
|---|---|
| Gebuer |
24. Oktober 1878 Mäertert |
| Gestuerwen |
25. Mäerz 1960 Gréiwemaacher |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Enseignante, Politikerin, Fraerechtlerin, Philologin |
|
| |
D'Agnès Donckel, gebuer de 24. Oktober 1878 zu Mäertert, a gestuerwen de 25. Mäerz 1960 zu Gréiwemaacher[1], war eng lëtzebuergesch Philologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
Si huet sech an der Action féminine fir d'Fraerechter agesat. Hiren Numm figuréiert am Comité d'honneur vum Veräin[2].
Bei de Kommunalwale vum 14 Oktober 1928 ass d'Agnès Donckel an de Mäerterter Gemengerot gewielt ginn[3], wou si bis 1935 Schäffin war[1].
Zu Mäertert ass eng Strooss no hir benannt: rue Agnès Donckel (L-6678).[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert den 01.02.2020. Gekuckt den 20.02.2020.
- ↑ Editioun vum 15. Oktober 1927 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de 24.07.2017. Gekuckt den 20.02.2020.
- ↑ Editioun vum 15. November 1928 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de 24.07.2017. Gekuckt den 20.02.2020.
- ↑ Mertert : Rue Agnès Donckel. map.geoportail.lu. Gekuckt den 08.03.2025.
